Jeff Paulus in AFORM

AFORM an der Presse

Tageblatt - 17.04.2018

Interview mam Tageblatt iwwert déi ongewinnten englesch Wochen am Fussball mam FC Progrès Nidderkuer. Middegkeet, Belaaschtung a meng nei "Entdeckung" Spikeball sinn ënnert anerem Thema an dësem Artikel.

 

 

 

Quotidien - 28.02.2018

Interview am "Le Quotidien" iwwert den Job als Athletiktrainer vum Progrès an d´Gestioun vun der Virbereedung op d´Réckronn mat de schwierege Wiederkonditiounen.

Quotidien Interview 28.02.2018
Download

 

 

 

 

Revue - 17.05.2017

Dësen Artikel aus der Revue ass scho baal e "must read" fir Jiddereen deen eng Blackroll huet, oder gutt Informatiounen iwwer d´Thema Faszien wëll hunn. E komplext Thema, verständlech erklärt. Mir si frou eisen Deel zu dësem Bericht kënne bäigedroen ze hunn.

Revue - Schmerzen beseitigen
Download

 

 

 

Telecran - 04.2017

Mir stoungen dem Telecran an engem Interview Ried an Äntwert. "Von der Couch in den Wald". Wéi starten? Wéi sech motivéieren an um Ball bleiwen? Dës a weider Froë kriss du an dësem interessanten Artikel beäntwert.

Telecran - Von der Couch in den Wald
Download

 

 

 

RTL Radio - 04.10.2016

Eise Coach d´Manon war am Interview um RTL Radio. D´Thema war Online Coaching. Positiv fir de Coaching Club dass dem RTL net entgaangen ass, dass mir verstäerkt iwwert eis Internetsäit a Plattformen (Facebook/Instagram) Gratis Contenue zur Verfügung stellen.

Ergänzend zum Gespréich nach dat hei... mam "Claudia Schiffer an Aerobic" huet dat definitiv näischt ze doen, och wann dem Speaker vun RTL dat géing gutt gefalen. ;)

Loosst är Viruerteeler a Virstellungen einfach mol "lénks leien" a maacht iech selwer e Bild dovu wéi mir dat Thema "Online Coaching" uginn! Like eis Facebook Säit, follow eis op Instagram, a looss dech iwwerraschen.

A wéi d´Manon am Gespréich seet: eis geet et drëm gutt a sënnvoll Informatiounen, Rotschléi an Übungen zur Verfügung ze stellen. Wuel wëssend dass e kompetente Coach ni duerch Online Coaching ze ersetze wäert sinn. An dat ass och gutt esou... soss hätte mir demnächst keen Job méi.

Merci dem Georges Mischo fir de Reportage iwwert dëst interessant Thema. Wann s du d´Sendung verpasst hues kanns du se hei nach eng Kéier lauschteren.

 

 

 

Quotidien - 28.09.2016

Interview mam Quotidien iwwer d´Zesummenarbescht mam Handball Esch.

Quotidien Interview 28.09.2016
Download

 

 

 

RTL Radio - 29.03.2016

Mir hoffen dass du duerch dëse Reportage motivéiert gëss ze "rullen". D´Thema ass Blackroll. Immens wichteg net nëmme fir all Sportler mee och fir all Sëtz-Athlet!

Blackrolls & Co. kriss du och am AFORM ze kafen. A regelméissegen Ofstänn maache mir och e "Blackroll Workshop" fir méi an Detail ze goen an de richtegen Ëmgang ze léieren. Check dofir eis Internet Säit aform.lu oder mellt dech fir weider Infos.

 

 

 

Revue - 01.2016

Hei den Interview aus der Revue zum Thema: "Online-Fitness". Een Trend deen trotz allem Erfolleg och seng Nodeeler huet. Sport / Training / Beweegung ass ëmmer gutt. E gudde Coaching awer onersetzlëch wann ee wëll schnellstméiglech, nohalteg, realistesch, richteg a sécher (Gesondheet!) Resultater hunn. E Coach, e Mënsch wäert am Fitness- a Sportberäich ni gläichwäerteg duerch en universalen Online-Programm ersat kënne ginn.

 

 

 

RTL Radio - 02.06.2015

Super Reportage iwwer d´Thema "Functional Training". Wichteg dass esou lues och hei zu Lëtzebuerg driwer disktutéiert gëtt wat sënnvollen an effektiven Training ass. Motivéiert Leit sollten net méi op d´Aaen gedréckt ginn. Verschwend keng Fräizäit, a gehei keng Suen zu der Fenster eraus... Trainéier fir Resultater ze hunn! En décke Merci dem Georges Mischo vun RTL.

 

 

 

Eldoradio - 28.05.2015

Fir den "Eldoradio Fitness Day" huet AFORM en Interview ginn zum Thema: "Wéi fänken ech richteg mam Sport un". Leider steet dëse Reportage net méi online zur Verfügung.

UPCOMING COURSES

23 Mee
Don 18:30
12 €
Group Training
Group Training
Flo
Confirmeiert
9/12
24 Mee
Fre 17:30
12 €
Group Training
Group Training
Charles
Voll