Jeff Paulus in Fitness

Core Training

Core Training ass e wichtege Bestanddeel vun all Trainingsprogramm. Fir säi Core sënnvoll kënnen ze trainéiere muss een sech fir d´éischt mol zwou Froe stellen: "Wat ass de Core?" a "Wat ass seng Aufgab?"

Nëmme wa mir mat eisen Übungen d´Funktioun vum Core uschwätzen, trainéiere mir d´Mëtt vun eisem Kierper effektiv an och funktionell.

An dësem Artikel fënns du nierft engem Intro Video eng ganz Rei u Stabilisatiounsserien. Hei goufe jeeweils dräi Übungen zu enger Serie zesumme gebaut, fir de Core komplett an effektiv kënnen ze trainéieren.

Wat ass de Core?

Wéi eng Serie passt bei mech?

Vun uewen no ënnen steigeren sech d´Serien am Schwieregkeetsgrad. Den 1. Trainingsvideo ass de "Basic Program - Core Training". Ufänger sollten onbedéngt hei starten. Fir besser Trainéierter gëllt dat hei: "Aim to do the simple things savagely well!"

Nom Basis Programm kommen zwou Serië mat dengem Kierpergewiicht, "Bodyweight Level 1 a Level 2".

Wann s du am Core Training en zousätzleche Schwéierpunkt op däin Uewerkierper wëlls leeën, da sinn d´ "Upper Body Enhancement Level 1 a Level 2" Videoe fir dech.

Ofschléissend kanns du am Core Training och nach e Gymnastikball asetzen. Trainéier dofir d´Serien "Stability Ball Level 1 a Level 2".

Huel dir déi Serie eraus déi fir dech am Beschten ass an integréier dës Übungen an däin Training.

Basic Program - Core Training

Am nächste Video gesäis du de Basis Programm vun eise Core Training Serien. Dës Übunge sollte wierklech gutt beherrscht ginn, iert een déi nächst Niveau´en an Ugrëff hëlt.

Bodyweight Level 1 - Core Training

Nom Basis Programm kommen d´Niveau 1 Übunge mam eegene Kierpergewiicht.

Bodyweight Level 2 - Core Training

Am Level 2 ginn d´Übunge scho richteg usprochsvoll. Och dës Serie kanns du mat dengem eegene Kierpergewiicht trainéieren.

Bodyweight Upper Body Enhancement Level 1 - Core Training

Am nächste Block läit de Schwéierpunkt vun den Übungen um Uewerkierper. Den nächste Video start mam Level 1.

Bodyweight Upper Body Enhancement Level 2 - Core Training

D´Übungen aus dem Level 2 mam Schwéierpunkt um Uewerkierper si genau dat Richtegt fir dech wann s du en Challenge brauchs.

Stability Ball Level 1 - Core Training

Wann s du e Gymnastikball, "Swiss Ball" oder "Stability Ball" zur Verfügung hues, kanns du dës Übungen trainéiere fir e bëssen Ofwiesslung an däi Programm ze bréngen.

Stability Ball Level 2 - Core Training

Notz de Gymnastikball als weider Instabilitéit fir däi Core nach méi effektiv an der Stabilisatioun ze trainéieren. Hei kommen d´Level 2 Übunge mam grousse Ball.

En décke Merci dem Elodie fir säin Asaz an Demo vun den Übungen. Hatt ass definitiv AFORM!

UPCOMING COURSES

02 Jun
Dën 18:30
15 €
AFORM Outdoor-Training
Group Training
Jeff
Voll
03 Jun
Mët 18:30
15 €
AFORM Outdoor-Training
Group Training
Laura
Oppen
min 5 Leit
13/19
Umellen