Jeff Paulus in Fitness

Home Workout without Equipment

Individuell an effektiv

Mir ginn oft gefrot wéi een doheem trainéiere kann, ouni Equipment. Wann s du doheem, an der Natur oder an der Vakanz trainéiere wëlls, a kee Material zur Verfügung hues, ass et trotzdem wichteg de Workout individuell unzepassen an esou effektiv wéi méiglech ze halen. Hei fënns du eis beschte Léisung fir e sënnvollen an effektiven Training mat dengem eegene Kierpergewiicht.

Mir hunn e System zesumme gestallt deen dir erlaabt däin Training un däi Level unzepassen. Du kriss also net nëmmen een Training, mee ee kompletten Trainingsprogramm. Du hues d´Méiglechkeet all Session ganz einfach un däin individuellen an aktuellen Niveau unzepassen a kontinuéierlech ze steigeren. Wann s du besser gëss, muss däin Training sech mat weider entwéckele fir d´Effektivitéit méiglechst héich ze halen.

D´Übunge sinn esou ausgewielt dass de komplette Kierper trainéiert gëtt. D´Ziel ass et an enger relativ kuerzer Zäit, net nëmmen deng Fitness an Ausdauer ze verbesseren, mee och fir entspriechend Effekter op d´Fettverbrennung ze provozéieren.

An dësem Video kriss du de System an d´Übungen erklärt.

Home Workout without Equipment

Trainingsprogramm

An der PDF Datei fënns du déi komplett Iwwersiicht vum Programm fir däin Training. Hei gesäis du déi zwee Level´en a Schratt fir Schratt wéi s du däin Training steigere kanns.

Trainingsprogramm - Home Workout without Equipment - Coaching Club
Download
4

Home Workout without Equipment - Level 1 Short Cut

Home Workout without Equipment - Level 2 Short Cut

Ouni Material, nëmme mat dengem Kiepergewiicht AFORM kommen. Vill Erfolleg bei dengem Training.

PS: Fir eng komplett Serie vum Level 1 huet däi Coach 2min44sec gebraucht. A fir eng komplett Serie vum Level 2 huet en 3min11sec gebraucht.

Hëlls du den Challenge un? Schreif deng Ronnenzäiten als Kommentar ënnert dësen Artikel.

UPCOMING COURSES

26 Abr
Fre 17:30
12 €
Group Training
Group Training
Nine
Voll
26 Abr
Fre 18:30
12 €
Pilates
Special
Svetlana
Oppen
min 5 Leit
2/10
Umellen