De Pull-Up oder Klimmzug ass eng impressionnant an usprochsvoll Übung. Et ass net einfach säi Klimmzug ze verbesseren. Dofir ass et ëmsou méi wichteg e gudde Plang ze hunn... Am beschten een, dee funktionéiert!
Wéie Plang bei dech passt hänkt dovun of wéi vill Klimmzich dass du maximal an engem Stéck packs.
Packs du dräi Pull-Up´s ass hei däi Plang fir besser ze ginn.
Packs du fënnef Pull-Up´s ass hei däi Plang fir besser ze ginn.
Hal dech ganz genau un däi Plang! Iwwersprang keen Dag, a virun allem kee Pausendag. Kuck och dass du tëschent de Sätz genuch Paus hues. Op mannst zwou Minutten.
Däi kompletten Training sollt dann och un dëse Programm ugepasst ginn. Dat heescht konkret dass du an dësem Zäitraum wéineg bis guer keng Uewerkierper Zug-Übungen (wéi zum Beispill Rudderen) solls trainéieren.
Sief penibel genau wat d´Technik ugeet. Versich perfekt Widderhuelungen ze trainéieren. De ganze Wee erop, bis de Kënn iwwert der Staang ass, an de ganze Wee erof, bis d´Äerm komplett gestréckt sinn. Ouni Schwong ze huelen oder ze fuddelen.
Falls du nach net eng Widderhuelung packs hues du d´Méiglechkeet eng Hëllef a Form vun engem Superband dobäi ze huelen. Fixéier ee staarkt Superband (en décke Lastik) un der Klimmzugstaang a maach dat anert Enn vum Band ronderëm däi Knéi oder Fouss.
Kuck dass de Superband esou staark ass, dass du 3 technesch propper Widderhuelunge packs a start mam "Pull-Up Program - 3 Rep Max". Wanns du dëse Programm duerch trainéiert hues, probéiers du de selwechte Programm ouni Ënnerstëtzung ze trainéieren.
Beim Pull-Up kucken d´Handflächen no vir, ewech vum Kierper. Dëse Grëff ass de Klassiker an trainéiert den trapezius, de latissimus dorsi, de biceps brachii an de pectoralis. De Pull-Up trainéiert den trapezius an de latissimus dorsi méi effektiv wéi den Chin-Up Grëff.
Op däitsch heescht de Pull-Up Grëff: Ristgriff.


Beim Chin-Up kucken d´Handflächen zum Kierper. Wéie Grëff besser ass, hänkt vum Trainingsziel of. Den Chin-Up trainéiert de biceps brachii an de pectoralis méi effektiv well dës Muskele beim Chin-Up Grëff méi Aarbecht kënnen iwwerhuelen. Dat ass och de Grond firwat engem den Chin-Up meeschtens méi liicht fält wéi de Pull-Up. De Pull-Up beusprocht virun allem den trapezius an de latissimus dorsi.
Op däitsch heescht den Chin-Up Grëff: Kammgriff oder Untergriff.


Beim Neutral Grip oder Parallel Grip kucken d´Handflächen zoueneen. Bei dësem Grëff ass tendenziell am mannste Stress op der Schëller a senge Strukturen. Dat heescht et ass en optimale Choix fir Leit mat Schëllerproblemer oder och "Iwwerkapp-Sportler" wéi zum Beispill Handballspiller, Volleyballspiller, Schwëmmer oder och Tennisspiller.
Neutral Grip Klimmzich leie vum Schwieregkeetsgrad tëschent de schwéiere Pull-Ups an de méi liichten Chin-Ups. Ausserdeem gëtt duerch de parallelle Grëff de brachialis (e Muskel am Ueweraarm) méi gezielt trainéiert.

Beim Mixed Grip gëtt eng Hand wéi beim Pull-Up an déi aner Hand wéi beim Chin-Up un der Staang positionéiert. De Mixed Grip ass virun allem eng Variant déi Ofwiesslung an den Training soll bréngen.

Vill Erfolleg beim Pull-Up Training.