Jeff Paulus in Fitness

World´s Greatest Stretch

De beschte Stretch op der Welt ass eng relativ komplex Reiefolleg u Beweegungen. Wat awer kee Grond ass dësem Stretch aus dem Wee ze goen. Dofir ass de "World´s Greatest Stretch" einfach ze gutt.

Virum Training als Warm-Up, no engem laange Schaffdag um Büro, fir eng besser Mobilitéit a Flexibilitéit, als Virbereedung op de Match, no enger längerer Zäit am Auto, als Cool-Down nom Training, etc.

Dëse Stretch gëtt dir enorm vill zeréck, am Verglach zu deem geréngen Opwand deen s du maache muss. Oder kuerz gesot: Maximal effektiv!

WICHTEG: Jidderee soll dës Beweegungen "esou gutt et geet" maachen. Net forcéieren. An et ass normal dass et bei dir, grad am Ufank, net genausou wéi am Video ausgesäit. Den Tempo kanns du variéieren, mee pass op d´Qualitéit vun denge Beweegungen op a fokusséier dech Schratt fir Schratt op déi verschidde Schwéierpunkten. Genau wéi am Video.

A fir dech elo ganz iwwerzeegt ze kréien... Hei de "FIRWAT?". Wat gëtt dir de WGS:

• PILLAR STRENGTH
• HIP FLEXOR ACTIVATION
• SINGLE LEG STABILITY
• SCAPULAR MUSCLE AND ROTATOR CUFF ACTIVATION
• HIP MOBILITY
• GLUTE STRETCH
• THORACIC SPINE MOBILITY
• HAMSTRING STRETCH
• CALF MUSCLE AND ACHILLES TENDON STRETCH
• HIP FLEXOR STRETCH

PS: Fir de Start kanns du dir och eenzel Sequenzen eraus huelen an nëmmen déi trainéieren. De WGS gëtt et och a verschiddene Varianten. An dësem Video gesäis du eis beschte Variant! Däi Coach.

UPCOMING COURSES

02 Abr
Don 18:00
0 €
Online Training
All Access
Jeff
Confirmeiert
min 0 Persoun
16/50
Umellen
03 Abr
Fre 10:00
0 €
Online Training
All Access
Manon
Confirmeiert
min 0 Persoun
7/50
Umellen