Jeff Paulus in Health

Übunge mat der Blackroll géint de Wéi

Knéiwéi

Knéiwéi an de Grëff kréien

Wann s du Problemer mat de Knéien hues ass den Inhalt vum 1. Video genau dat Richtegt fir dech. Alles wat s du brauchs ass eng Blackroll an e bëssen Zäit. De Programm besteet aus 6 Übungen an hëlleft dir gezielt däi Kierper op den Training ze preparéieren. D´Qualitéit vun denger Beweegung gëtt besser, a virun allem ginn d´Knéien an d´Strukture ronderëm entlaascht.

Wichteg ass dass du d´Problematik Knéiwéi aktiv a sënnvoll ugees. Investéier regelméisseg e bëssen Zäit an dës Übunge mat der Blackroll a bau se an däin Alldag an.

Video - Blackroll Programm - Knéiwéi

Programm Knéiwéi

Blackroll Programm - Knéiwéi - Coaching Club
Download

 

 

 

Hëft- & Réckwéi

Präparéier deng Hëft an/oder däi Réck op den Training

Leider si Problemer mam ënneschte Réck an eiser Gesellschaft staark verbreet. Mir setzen einfach vill ze vill a fleegen e Liewensstil deen net dozou bäidréit dass d´Problemer mat Réck verschwannen... ganz am Géigendeel.

An dësem Video kriss du e Programm vu 6 Übunge mat der Blackroll gewisen déi dir bei denge Problemer mam ënneschte Réck an/oder mat der Hëft kënnen hëllefen. Notz dës Übungen als Virbereedung op däin Training oder bau se regelméisseg an däin Alldag an. Mat der Zäit wäerts du mierken dass et dengem Réck an/oder denger Hëft erëm besser geet.

Video - Blackroll Programm - Hëft- & Réckwéi

Programm Hëft- & Réckwéi

Blackroll Programm - Hëft- & Réckwéi - Coaching Club
Download

 

 

 

Schëller-, Genéck- & Réckwéi

Géint d´Verspanungen am Genéck a Problemer mat der Schëller

Ass däi Genéck verspaant, hänken deng Schëlleren e bëssen no vir oder hues du richteg Wéi an engem vun dëse Beräicher? Da sinn d´Übungen an dësem Video fir dech.

Virun allem Problemer mam Genéck kënnen Ausdrock vun engem héije Stresspegel sinn. Dofir ass et wichteg fir dech dës Beräicher virum Training ze preparéieren an nom Training de Nervesystem erof ze fueren. An dësem Fall kann dir den Anti-Stress Programm mat der Blackroll och eng gutt Hëllef sinn.

Video - Blackroll Programm - Schëller-, Genéck- & Réckwéi

Programm Schëller-, Genéck- & Réckwéi

Blackroll Programm - Schëller-, Genéck- & Réckwéi - Coaching Club
Download

 

 

 

UPCOMING COURSES

26 Abr
Fre 17:30
12 €
Group Training
Group Training
Nine
Voll
26 Abr
Fre 18:30
12 €
Pilates
Special
Svetlana
Oppen
min 5 Leit
2/10
Umellen