Erfolleg a Resultater stinn a fale mat engem Plang a mat der Organisatioun! An dat gëllt och fir d´Ernährung... vläicht nach méi wéi fir den Training an deng Fitness. Et ass awer onrealistesch ze erwaarden dass e (1) Plang fir Jiddereen d´selwecht gutt ass, a vu Jidderengem am Alldag ëmzesetzen ass.
Dofir ass ee vun den Zieler vum "Weight Management Program" am AFORM Fitness Coaching Center, eng komplett Iesswoch ze plangen an ëmzesetzen. D´Resultat soll een individuellen a realisteschen Ernährungsplang sinn.
Déi folgend Wochepläng sinn net optiméiert ginn, a weise wat wierklech vun de Leit an der Realitéit an enger Woch konsuméiert ginn ass. Dës Wochepläng ginn dir secherlech e puer gutt Iddie fir däin individuellen Ernährungsplang.
Aus perséinleche Grënn sinn nëmmen d´Initiale vun de Leit an de Wochepläng uginn.
Du fënns hei mol méi, mol manner gutt Pläng. Déi Leit hannert den entspriechende Wochepläng hunn awer alleguer ofgeholl a Fett verbrannt. Huel dir dat Bescht fir dech aus deene verschiddene Pläng eraus, a versich du däi Plang esou ze optiméieren dass e fir dech funktionéiert. Vill Spaass an Erfolleg beim plange vun denger Iesswoch.