Angélique Krier in Nutrition

6 Wochen Ernährungsprotokoll

D´Angélique Krier ass am "Weight Management Program" vun AFORM gestart an huet am Laf vun de 6 Wochen en Top-Resultat erzielt. D´Ernährung war dem Angélique säi groussen Challenge. Hatt huet grouss Efforten a Punkto Organisatioun an Disziplin gemaach, déi zum Schluss dann och belount gi sinn.

Bei AFORM si mir net Fan dovun eise Leit en Ernährungsplang virzeginn. Et ass onrealistesch ze erwaarden dass e Plang fir Jiddereen d´selwecht gutt ass, a vu Jidderengem am Alldag ëmzesetzen ass. Vill méi wichteg ass et eng Selbstännegkeet ze erreechen. Eis "Weight Manager" sollen nom 6 Woche Programm wësse wéi se sech ernähre solle fir mëttel- a laangfristeg hier Zieler ze erreechen.

D´Angélique huet seng Ernährung iwwert déi 6 Wochen dokumentéiert an iwwersiichtlech zesumme gestallt. Profitéier vun dësem Ernährungsprotokoll deen aus dem Alldag entstanen ass, an dem Angélique erméiglecht huet seng Zieler ze erreechen. 1zu1, genausou wéi mir e krit hunn fënns du hei dee komplette Plang.

6 Wochen Ernährungsplang - Angélique Krier - Coaching Club
Download

UPCOMING COURSES

21 Abr
Mët 18:00
15 €
AFORM Outdoor-Training
Special
Jana
Oppen
min 5 Leit
4/20
Umellen
24 Abr
Sam 09:30
15 €
AFORM Outdoor-Training
Special
Lynn
Oppen
min 5 Leit
5/20
Umellen