Jeff Paulus in Products

Off Season Program

Dëse Programm erlaabt all Sportler, autonom an individuell, seng Fitness an Athletik iwwer 4 Wochen ze verbesseren. De Programm setzt sech aus 4 Bléck zesummen déi e kompletten Trainingsprogramm erméiglechen.

> BSC Basic Strength and Conditioning - Basis Kraaft an Ausdauer
> CSC Competition Specific Conditioning - Wettkampfspezifesch Ausdauer
> SE Speed and Explosiveness - Schnellegkeet an Explosivitéit
> FS Functional Strength - Funktionell Kraaft

Hei kanns Du de Programm via "Digistore24" kafen.

All Block besteet aus Trainingseenheeten déi iwwert déi 4 Woche progressiv gesteigert ginn. D´Informatioune sinn iwwersiichtlech op 5 Säiten an enger PDF duergestallt. Ënnerstëtzt gëtt de Programm duerch 16 verschidde Videoen, déi een an der PDF ganz einfach kann uklicken.

Dës 1. Versioun vum Programm ass elo scho komplett an huet den Usproch Dir eng gutt Qualitéit an eng héich Effektivitéit ze bidden. Falls Du Dech fir dëse Programm entscheets, kriss Du an Zukunft all verbessert Versioun zoukomme gelooss. Du kanns mir dofir gär nom Kaf vum "Off Season Program" Deng Email Adress zoukomme loossen.

Ech bieden Dech natierlech dëse Programm net un 3. Persoune weiderzeleeden. Villmools Merci fir Däi Respekt a Verständnis.

An elo dat Bescht zum Schluss. Fir alleguer d´Sportler hei zu Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen ginn ech dëse Programm fir nëmme 15 Euro (HTVA) eraus.

Merci fir Däi Kaf vum Programm a vill Erfolleg bei Dengem Training, Däi Coach.

Jeff Paulus

 

De Payement gëtt iwwert d´Verkafssäit vun Digistore ofgewéckelt.


Ënnerstëtz de Coaching Club. Like eis Facebook Säit a follow eis op Instagram wann s Du nach méi Content wëlls!

Impressum

AFORM s.à r.l.
Jeff Paulus

250, rue Waassertrap
L-4408 Belvaux (Luxembourg)

office[at]aform.lu
+352 691 74 81 81

USt ID-Nr. TVA LU27574321

UPCOMING COURSES

25 Okt
Son 09:30
15 €
HIT
Special
Laura
Ofgesot
7/12
25 Okt
Son 10:30
15 €
AFORM Training
Group Training
Laura
Ofgesot
7/12