Jeff Paulus in Running

Ready to Run

Et leeft een net laang einfach esou... Wann ee lafe geet, dann huet een en Ziel. Ob dat elo ass fir Stress ofzebauen, Gewiicht ze verléieren, seng Gesondheet ze verbesseren oder als Virbereedung op eng Course. Mä egal wéi eng Zieler dass du hues... Du solls en Trainingsplang hunn. Wat däi Laftraining besser geplangt ass, wat s du däin Ziel méi séier erreechs. A wat s du däin Ziel méi séier erreechs, wat den Training méi Spaass mécht.

Verletzungspräventiv ze denken ass grad beim Lafen immens wichteg. E sënnvolle Warm-Up als Virbereedung op däi Laf hëlleft dir laangfristeg ouni Verletzung ze bleiwen an deng Fitness ze verbesseren. An dësem Video gesäis du wéi s du dech effektiv, an nëmme 4 Minutten, op däi Laf kanns virbereeden.

Movement Preparation

Ready to Run - Movement Preparation - Coaching Club
Download

Däin Trainingsplang

Hei fënns du däin Trainingspläng fir gezielt a kontrolléiert mam Lafen unzefänken. De richtegen Trainingsplang ënnerstëtzt dech däi Laftraining esou ze strukturéieren, dass en deen Erfolleg bréngt deen s du dir erwaarts.

An all Plang steet eng kleng Info. Fënns du dech an engem Text erëm, dann hues du däin Trainingsplang fonnt. D´Trainingspläng bauen openeen op. Dat heescht du kanns dech vum Plang 1 bis bei de Plang 4 erop schaffen. Fänk awer léiwer e bësse méi liicht un, wéi direkt ze vill, ze laang oder ze wäit ze lafen. Wichteg ass et de Plang genau ze respektéieren.

Vill Erfolleg bei dengem Training.

Plang 1 - Lafufänger mat Iwwergewiicht - Coaching Club
Download
Plang 2 - Lafufänger - Coaching Club
Download
Plang 3 - Sportlech Lafufänger - Coaching Club
Download
Plang 4 - vun 30 op 60 Minutten - Coaching Club
Download

UPCOMING COURSES

16 Jul
Dën 17:30
12 €
Group Training
Group Training
Charles
Oppen
min 5 Leit
4/12
Umellen
16 Jul
Dën 18:30
12 €
Group Training
Group Training
Charles
Oppen
min 5 Leit
10/12
Umellen