Jeff Paulus in Sport

FB - HB - BB - VB - Off Season Homework Program

Als Coach gëtt ee senge Spiller a Spillerinne gär e Programm mat op de Wee fir déi Zäit an där am Club net trainéiert gëtt. D´Basics ze trainéieren ass ëmmer sënnvoll, egal ob Fussball, Handball, Basketball oder Volleyball. Notz dëse Programm fir deng Equipe kierperlech am Rhythmus ze halen a bei der Reprise net musse bei Null unzefänken.

Off Season Homework Program

Mat dëse 6 Übunge kréien deng Spiller a Spillerinnen een Challenge fir hier "Fräi-Zäit" mat op de Wee. Ob d´Hausaufgaben och gemaach gi sinn ass relativ einfach ze kontrolléieren... Trainéier d´Übunge mat der kompletter Equipe am 1. Training a kuck dir d´Technik an d´Qualitéit vun de Beweegungen un. D´Übunge sinn net einfach, mee duerch Training gutt ze beherrschen.

Vill Erfolleg mat dësem Hausaufgabe Programm fir deng Sportler.

 

 

Handball Esch - Aktiv Erhuelungsphase

Hei ass nach e weidere Video deen op Wonsch vum Holger Schneider, Coach vum Handball Esch zesumme gestallt ginn ass.

Och dës Übungen hunn d´Spiller selbstänneg an hirer Erhuelungsphase trainéiert. Ziel vun dësem Video war d´Paus an der Virbereedungsphase ze iwwerbrécken ouni den Trainingsrhythmus, virun allem am athletesche Beräich, komplett ze verléieren. Dem Holger Schneider seng Pre-Season 2016 war an zwee gedeelt mat enger Paus dotëscht vun 10 Deeg.

Exklusiv fir d´Membere vum Coaching Club, hei de Video.

UPCOMING COURSES

02 Abr
Don 18:00
0 €
Online Training
All Access
Jeff
Confirmeiert
min 0 Persoun
16/50
Umellen
03 Abr
Fre 10:00
0 €
Online Training
All Access
Manon
Confirmeiert
min 0 Persoun
7/50
Umellen