De 4. Juli schreift den FC Progrès Nidderkuer lëtzebuergesch Fussballgeschicht a gewënnt doheem 2:0 géint d´Glasgow Rangers, no enger 1:0 Auswäerts Néierlag. Nächst Statioun fir de Progrès an der Europa League: AEL Limassol, Zypern.
Opgrond vun enger Hamstring Verletzung konnt de Mario Mutsch, Kapitän vun der lëtzebuergescher Nationalequipe, dës Matcher net matspillen. Den Openthalt zu Limassol gouf trotzdeem sënnvoll genotzt, a war fir de Mario Mutsch esou eppes wéi e "Mini-Trainingslager".
Am folgende Video gesäis du Auszich vun enger individueller Trainingseenheet zu Limassol am Hotel vun der Equipe. Hei d´Struktur an den Oflaf vun dësem Training:
1) Preparation - Mobility
2) Activation - Pillar Preparation
3) Activation - Movement Preparation
4) Activation - Dynamic Activation
5) Plyometrics
6) Strength