Jeff Paulus in Sport

Soccer - Miniband and Linear Acceleration - FC Progrès Niederkorn - Live Coaching

Schnell, oft a wäit... dat sinn d´Viraussetzunge fir muskulär Verletzungen am Sprint Training vu Ballsportler. Als Trainer huet een oft am Virfeld vu Sprinter Bedenken an et hofft een dass kee Spiller sech verletzt. Dobäi sollt een net hoffe mussen, mee et sollt een alles ënner Kontroll bréngen.

Wéi eng éischt Trainingsphase kann ausgesinn, a wat d´Pilier´en vun engem gudde "Sprint-Training" fir Equipesportler sinn, weisen ech dir an dësem Artikel.

Wann ee gäre schnell Spiller hätt, muss een och schnell trainéieren.

Fir de Risiko awer ze miniméiere brauch een als Coach e Plang mat enger sënnvoller Progressioun. Wa mir an eisem Training gäre "schnell" hätten, muss et net automatesch och "oft" a "wäit" sinn. De Volume vun der Belaaschtung (wéi oft) an Distanz vun de Sprinter (wéi wäit) sollten dofir nëmme lues a lues iwwert d´Zäit gesteigert ginn.

Preparation is key!

D´Preparatioun op d´Sprinter ass awer dee wichtegste Faktor fir

A) de Risiko vu muskuläre Verletzungen ze miniméieren a
B) an der Zielübung déi Qualitéit an Intensitéit ze kréien déi mir als Trainer gären hätten.

An engem éischte Block vum Training profitéieren ech gäre vum Benefice vun de "Movement Preps". Dës dynamesch Übunge steigere lues a lues de "Stress" op d´Muskulatur, mir beweegen d´Gelenker iwwert de kompletten Ëmfang a brénge gezielt Längt an d´Muskelen. An dësem Fall konzentréieren ech mech virun allem op d´Hëft well mir duerno an d´Sprinter, respektiv an d´Acceleratioun ginn.

Den Training an dësem Video war relativ am Ufank vun der Summervirbereedung op d´Saison 2017/2018 mam FC Progrès Niederkorn.

Part One - Movement Preparation

Am zweete Block vum Training geet et virun allem ëm d´Aktivéierung vun deene Muskelen déi mir duerno an der Zielübung brauchen. Miniband Übunge muss een sech virstelle wéi Core-Training am Stoen. De grousse Virdeel am Verglach zu de klassesche Stabilisatiounsübungen ass deen dass mir op eise Féiss stinn, wat vill méi no un der Sportart ass. Mir aktivéieren also gezielt d´Hëft-, d´Bauch- an d´Beemuskelen a kënne gläichzäiteg schonn d´Beweegungsmuster vum Lafe respektiv Sprinten trainéieren a virbereeden.

Och hei steigeren sech d´Übunge fléissend. Zum Schluss vun dësem Block muss all Muskel op "ON" geschalt si fir dass mir bei der Sprintübung vun Ufank un eng optimal Intensitéit kënne verlaangen, an dat mat minimalem Risiko. Well d´Zielübung an dësem Training linear ass (riicht no vir an zeréck) sinn d´Miniband Übungen och deementspriechend ugepasst.

Part Two - Miniband Exercises

D´Spiller sinn elo optimal virbereet fir déi folgend Zielübung. Dësen Training war relativ am Ufank vun der Summervirbereedung an dofir ass dës Übung e gutt Beispill wéi een "Sprint-Training" an enger éischter Phase kann abauen.

Weder de Volume, nach Distanz sinn héich. An trotzdeem kréie mir duerch den "Challenge" (1 géint 1) vun der Übung eng gutt Intensitéit. Start-Stopp Acceleratioune sinn e ganz wichtege Bestanddeel an enger Virbereedung a sollen d´Muskulatur mat sengem komplette Sehnen a Bandapparat op d´Ufuerderungen am Ballsport virbereeden.

An dëser Übung geet et nëmme riicht no vir an zeréck (linear). De Kader ass also relativ enk, an trotzdeem "geschitt eppes" an dësem Drill. Spiller A gëtt vir, Spiller B muss spigelen. Mir hunn also en Challenge, e Wettkampf.

De Spiller A versicht säi Géigner ofzehänken. De Spiller B weess ni wéini e muss opstoppen, versicht awer gläichzäiteg erëm maximal ze beschleunege fir u sengem Géigner drun ze bleiwen. D´Spiller A a B mussen duerch d´Aufgab an dëser Übung effektiv a schnell d´Richtung kënne wiesselen. Genausou wéi et duerno am groussen Ziel, am Match verlaangt gëtt.

Part Three - Linear Acceleration

Spiller déi schnell an explosiv acceleréiere kënnen hunn e grousse Virdeel! Vill Erfolleg beim Training.

UPCOMING COURSES

28 Jun
Dën 18:00
15 €
Burn
Group Training
Sarah
Oppen
min 5 Leit
4/12
Umellen
29 Jun
Mët 18:00
15 €
Burn
Group Training
Laura
Oppen
min 5 Leit
4/12
Umellen