Jeff Paulus in worth reading

Random Thoughts on Fat Loss

Wann et däin Ziel ass ofzehuelen dann ass dësen Artikel fir dech. Nieft der Ernärung spillt Training a Fitness och eng Roll. Mir wëllen dass du Gewiicht verléiers an awer gesond, gutt a fit ausgesäis. Deng Muskele solls du am beschte Fall behalen oder souguer weider opbauen.

Fett ofhuelen VS Gewiicht ofhuelen

Däi Kierpergewiicht (Diagramm uewen: schwaarz) wäert schwanke wann s du ofhëls. D´Kilogramm ginn net all Dag konstant erof, dat ass leider Fakt. Dofir solls du deng Kilogramm nëmmen iwwert ee längeren Zäitraum "tracken" a bewäerten. Heiansdo geet et erop, heiansdo geet et erof. Mee iwwert e puer Méint gesi sollt d´Tendenz kloer no ënne weisen.

D´Fettverbrennung ass méi ee konstante Prozess. Deng Prozent u Kierperfett (Diagramm uewen: orange) wäerten sech fléissend no ënnen entwéckele wann s du anstänneg ëss a genuch Beweegung hues.

Dat ass de Grond firwat mir léiwer vu "Fett ofhuelen" schwätze wéi vu "Gewiicht ofhuelen". Fokusséier dech net ze vill op deng Wo. Vill méi aussokräfteg ass zum Beispill eng Kierperfettmoossung oder eng "Vorher-Nachher-Foto"!

Random Thoughts

An dëser Galerie fënns du verschidden Iwwerleeungen déi wichteg si fir deng Kierper Zesummesetzung positiv ze veränneren. Klick dech doduerch an denk driwwer no... vill an oft. Well mir ginn dat, iwwert dat mir nodenken.

25
  • Eng schlecht Iddi, akzeptéiert vu Millioune vu Leit, ass nach ëmmer eng schlecht Iddi. An anere Wierder; nëmme well eppes "cool" an "trendy" ass, heescht dat net dass et eng gutt Iddi ass.
  • En Training sollt ni eenzel fir sech an den Dag selwer, als gutt oder schlecht beuerteelt ginn.

 

Beweeg dech an engem Ëmfeld dat deng Zieler ënnerstëtzt. A sief sécher dass du selwer och deng Zieler ënnerstëtz.

 

  • Wann Iessen eng Belounung ass, ass Iessen en Thema. Wa Séissegkeeten, Kichelcher a "Sauereien" fir dech perséinlech e grousse Wäert hunn, gëtt et schwéier mat engem gudden Trainingsprogramm ofzehuelen.
  • The truth is like a lion. You don´t have to defend it. Let it loose. It will defend itself.

 

Däi Gewiicht steet a Relatioun zu der Quantitéit vun dengem Iessen. Deng Prozent Kierperfett stinn a Relatioun zu der Qualitéit vun dengem Iessen.

 

Ernährung: Fokusséier dech op dräi Saachen. Protein, Geméis, Waasser.

 

  • Eppes muss du verstoen. Wann s du Resultater wëlls. Wann s du ofhuelen a Fett verbrenne wëlls. Da muss du dech op mannst eng Kéier mam Ernährungsprotokoll ausernee gesat hunn. Wann s du däin Iessen nach ni protokolléiert hues, kanns du keng Resultater erwaarden.
  • Näischt wat s du ëss ass schlecht oder falsch. Näischt wat s du ëss ass gutt oder richteg. Verschidde Saache bréngen dech méi no un däin Ziel. Verschidde Saachen distanzéieren dech vun dengem Ziel.

 

Responsabel iessen an drénken heescht säi Verhalen ouni Emotiounen ze analyséieren. Funktionéiert et oder funktionéiert et net fir Zieler ze erreechen.

 

  • Dat wat s du sees an dat wat s du mëss, muss an eng an déi selwecht Richtung goen.
  • Wann et esou eppes wéi "Bonus-Gewunnechten" géing ginn, da wären et Waasser a Schlof.
  • Wann s du e Plang hues, ass et wéi wann s du kéins an d´Zukunft gesinn. Du gesäis Problemer déi Muer op dech duer kënne kommen, a kanns se scho virdru léisen.
  • D´Fettverbrennung ass ganz transparent. Du verbrenns Fett; deng Decisioune ware richteg. Du verbrenns kee Fett; deng Decisioune ware falsch.
  • An der Realitéit geet et meeschtens 2 Schrëtt no vir an 1 Schratt zeréck... 2 no vir, 1 zeréck. Looss dech net decouragéiere vun deem Schratt zeréck.

 

Behal ëmmer d´Tendenz am Bléck. Wann däi Gewiicht an däi Prozentsaz u Kierperfett iwwert e Mount erof geet, ass et egal wann et mol an enger Woch erop geet.

 

Et geet net ëm déi neisten Diät. Et geet ëm deng Gewunnechten!

 

  • Du bréngs et besser fäerdeg "Nee" ze soen, wann s du dir heiansdo eppes gënns.
  • Du wäerts déi Saachen iessen déi s du doheem hues.
  • So net: "Ech kann dat net iessen." So: "Ech iessen et net."
  • Plang am viraus wéini s du däin Iesse plangs.

 

Mir ginn dat, iwwert dat mir nodenken. Denk driwwer no... vill an oft.

 

  • Plang et, maach et, an da schwätze mer iwwert dat wat richteg oder falsch war.
  • Et ass schued dass eppes Negatives méi motivéierend ass wéi eppes Positives.
  • Ze vill Stress mécht dech déck. Adrenalin a Cortisol ginn an d´Luucht, du verschaffs däin Iessen net esou gutt a späichers méi Fett. Adrenalin a Cortisol bremsen d´Haaptfunktioune vun dengem Kierper, ënnert anerem och d´Verdauung. Déi ganz Opmierksamkeet kréien deng Aen, deng Oueren an däin Häerz fir dass du direkt bereet bass virum Tiger fort ze lafen an ze flüchten.

UPCOMING COURSES

26 Abr
Fre 17:30
12 €
Group Training
Group Training
Nine
Voll
26 Abr
Fre 18:30
12 €
Pilates
Special
Svetlana
Oppen
min 5 Leit
2/10
Umellen