FAQ COACHING CLUB

WAT KASCHT DE COACHING CLUB?

De Coaching Club kascht maximal 12 € de Mount.

Du hues d´Méiglechkeet tëschent dräi verschiddenen Abonnementer ze wielen.
- Fir 1 Mount bezils du 12 €. Total: 12 €.
- Fir 6 Méint bezils du 11 € de Mount. Total: 66 €. (Du spuers 6 €)
- Fir 1 Joer bezils du 10 € de Mount. Total: 120 €. (Du spuers 24 €)

Du bezils den Total eemoleg. Däin Abonnement gëtt NET automatesch verlängert! Wann däin Abonnement ofleeft gëss du am viraus per Email informéiert.

WÉI FUNKTIONÉIERT DAT MAM BEZUELEN VUM COACHING CLUB AN DE COURSEN?

Dëst ass komplett getrennt! De Coaching Club Abonnement gëtt bequem online op der Internet Säit bezuelt, an nëmmen do.

Deng Traininger bezils du, och als Member vum Coaching Club, am AFORM Fitness Coaching Center. (Group Training: Abo 10 & Abo Open)

WÉI FUNKTIONÉIERT DAT MAM UMELLE FIR D´COURSEN?

Umelle kanns du dech bis den Dag selwer kuerz virum Cours. Du hues also ëmmer d´Méiglechkeet spontan op den Training ze goen an iwwert de Coaching Club fräi Plaatzen an Usproch ze huelen.

WICHTEG: Ofmelle kanns du dech bis Moies 10:00 den Dag selwer vum Cours. Dat heescht all Umeldung no 10:00 ass definitiv a kann net méi zeréck geholl ginn!

(Lies och: WÉI FUNKTIONÉIERT DAT MAM OFMELLE VUN DE COURSEN? ↓)

Falls keng Plaatz méi am Cours sollt fräi sinn, hues du d´Méiglechkeet dech an d'Waardelëscht anzedroen. Bei enger Ofmeldung réckels du automatesch no a gëss vun dengem Coach per Email informéiert.

(Lies och: WÉI FUNKTIONÉIERT D´WAARDELËSCHT? ↓)

GANZ WICHTEG: Jidderee sollt sech nëmme fir déi Coursen umelle wou en dann och wierklech do ass. All Member sollt versichen dozou bäi ze droen dass dën Aschreiwungssystem gutt funktionéiert.

Präventiv setze mir ëmmer just de Planning vun engem Mount online. Mir wëllen esou verhënneren dass Platze laangfristeg blockéiert ginn. (Normalerweis ass den neie Planing vum nächste Mount ab dem 20. online.)

WÉI FUNKTIONÉIERT DAT MAM OFMELLE VUN DE COURSEN?

Jidderee sollt sech nëmme fir déi Coursen umelle wou en dann och wierklech do ass. All Member sollt versichen dozou bäi ze droen dass dën Aschreiwungssystem gutt funktionéiert.

Falls du dech vun engem Cours Ofmelle muss, hues du d´Méiglechkeet dech bis den Dag selwer Moies um 10:00 ofzemellen. No der Deadline ass all Umeldung definitiv a kann net méi zeréck geholl ginn!

Ausnahm sinn d´Coursen déi Moies sinn. Bei dëse Coursen ass d´Ofmeldung och bis Moies 10:00 méiglech, awer den Dag virdrun! Deadline fir d´Ofmeldung ass also ëmmer Moies um 10:00.

10:00 Moies ass eng Deadline déi net ka geännert ginn. Mir bieden d´Membere vum Coaching Club sech am Fall wou, esou fréi wéi méiglech vum Cours ofzemellen. Esou huet een anere Member d´Méiglechkeet dës fräi Plaatz an Usproch ze huelen.

WAT GESCHITT WANN ECH MECH NET ZÄITGERECHT OFGEMELLT HUNN?

All Member vum Coaching Club sollt versichen dozou bäi ze droen dass dën Aschreiwungssystem gutt funktionéiert.

Wann s du net zäitgerecht ofgemellt bass, geet däi Coach dovun aus dass du um Cours deel hëlls. ALL Ofmeldung no der Deadline (Moies 10:00) kann net méi berücksichtegt ginn!

Am ABO 10 kriss du e Kräiz gemaach, och wann s du awer net um Cours deel hëlls oder wann s du dech ze spéit ofmells.

Am ABO OPEN muss du deen nächste Mount 12€ pro Cours nobezuele bei deem s du ugemellt an awer net komm waars.

(Lies och w.e.g. WÉI FUNKTIONÉIERT DAT MAM UMELLE FIR D´COURSEN? ↑ a WÉI FUNKTIONÉIERT DAT MAM OFMELLE VUN DE COURSEN? ↑)

WÉI FUNKTIONÉIERT D´WAARDELËSCHT?

Falls keng Plaatz méi am Cours sollt fräi sinn, hues du d´Méiglechkeet dech an d'Waardelëscht anzedroen. Bei enger Ofmeldung réckels du automatesch no a gëss vun dengem Coach per Email informéiert.

Wann s du dech an d´Waardelëscht andréis, heescht dat dass du interesséiert bass um Cours deel ze huelen an dass du dann och disponibel bass. Ofmelle vun der Waardelëscht kanns du dech net, wëlls du nach keng definitiv Plaatz am Cours hues. Am Fall wou s du noréckels gëss du per Email informéiert. Eréischt dann hues du d´Méiglechkeet dech vum Cours ofzemellen.

OPPASSEN: Wéi ëmmer hues du d´Méiglechkeet dech bis den Dag selwer Moies um 10:00 ofzemellen. No 10:00 ass d´Umeldung definitiv a kann net méi zeréck geholl ginn, och wann s du vun der Waardelëscht nogeréckelt bass!

Mir bieden d´Membere vum Coaching Club sech am Fall wou, esou fréi wéi méiglech vum Cours ofzemellen. Esou huet een dee vun der Waardelëscht nogeréckelt ass nach Zäit sech eventuell awer erëm ofzemellen.

WAT SINN D´VIRDEELER VUM COACHING CLUB?

Als Member vum Coaching Club kriss du Informatiounen a Rotschléi iwwer Fitness, Sport an Ernährung.

Dat heescht konkret dass mir Videoen, Übungen, Trainingspläng an all méiglech Informatiounen am "Club Magazine" zesummen droen an d´Memberen dovu profitéiere kënnen. Mir versichen de "Return of invest" fir dech esou grouss wéi méiglech ze maachen.

Ze notéiere bleift dass mir versichen héchst méiglech Qualitéit unzebidden, an de Membere gutt a fundéiert Informatiounen ze liwweren. De Coaching Club geet géint den aktuellen Trend an der Fitness Industrie a versicht serieux a qualitativ héichwäerteg Inhalter zur Verfügung ze stellen.

De kompletten Inhalt gouf - op Basis vu Quellen déi d´Auteuren als fiabel gesinn - no beschtem Wëssen a Gewëssen recherchéiert a gepréift. Trotzdem sinn dës Informatiounen an Inhalter keen Ersatz fir eng individuell Fitness-Betreiung oder eng sportmedizinesch Berodung. D´Auteuren iwwerhuele keng Schold am Bezuch op negativ Auswierkungen an Konsequenzen déi an engem direkten oder indirekten Zesummenhang mat den Informatiounen an Inhalter am Coaching Club stinn.

ASS DEN ACCÈS FIR D´COURSEN AM WEIGHT MANAGEMENT PROGRAM (WMP) MAT DRAN?

D´Coursen: JO. Den Abonnement vum Coaching Club: NEE.

De Coaching Club ass en online System deen automatesch funktionéiert!

Et ass net méiglech Accès ze hunn, ouni online dofir bezuelt ze hunn. Dat heescht et ass fir déi Leit aus dem WMP (genausou wéi fir all déi aner Leit) just méiglech sech fir d'Coursen unzemellen an och un de Coursen deel ze huelen, wann een online den Abo vum Coaching Club bezuelt huet.

Wann de Coaching Club Abo online bezuelt ass, sinn d´Coursen duerno natierlech alleguer am Präis vum "Weight Management Program" mat dran! Merci fir d'Verständnis.