Hëllef

Erklärungen zu den Inhalter vun de Coursen.

All Cours ass no enger sënnvoller Struktur opgebaut, a bitt Dir e komplette Ganzkierpertraining.
Eist Trainingskonzept zitt sech wéi e roude Fuedem duerch all Cours. Fir Ofwiesslung an ënnerschittlech Schwéierpunkte suergen d´Thementraininger.

Online Training

10 Minutte virum Event kriss Du eng Mail mat engem Link. Einfach drop klicken an Du bass dobäi. "Zoom" erlaabt Dir um iPhone, Tablet oder PC live dobäi ze sinn a mat ze trainéieren.

 

> Dëse Live-Event ass "Donation based". Du kanns also gär en "Digicash" op +352 691 74 81 81 maachen. Ech weess all Ënnerstëtzung a Support ze schätzen a freeë mech drop Dech ze coachen!

 

Däi Coach, Jeff Paulus +352 691 74 81 81

Intensitéit Gréng-Giel-Rout

Mat Gréng-Giel-Rout sinn d´Intensitéite gekennzeechent. Dréin Däin Handy de breede Wee fir se ze gesinn.

Giel ass eng normal Intensitéit. Gréng sinn en Tick manner intensiv Traininger. Rout sinn en Tick méi intensiv Traininger.

Wichteg: Et geet hei nëmmen ëm d´Intensitéit. Et geet net ëm de Schwieregkeetsgrad vun den Übungen. Fir Jiddereen ass all Training ze realiséieren, egal op Gréng, Giel oder Rout.

Duerch dës Kennzeechnung hues Du awer d´Méiglechkeet bewosst a gezielt och mol méi oder manner intensiv ze trainéieren.

Status

Oppen - De Cours ass geplangt a virgesinn. Wann de Minimum un interesséierte Leit erreecht ass, fënnt de Cours sécher statt.

Voll - D´Platze fir de Cours sinn alleguer beluecht an de Maximum ass erreecht.

Confirméiert - De Minimum un interesséierte Leit ass erreecht an de Cours fënnt definitiv statt.

AFORM Training

Komplett, effektiv an ofwiesslungsräich. Den AFORM Training ass de Klassiker ënnert de Coursen a besteet aus 3 Deeler:

1 - Movement Preparation. En Training am Training, mat Beweegungen déi dech AFORM bréngen an halen.
2 - Core Training. Fir d´Stabilitéit vun denger Kierpermëtt.
3 - Circuit Training. Übunge mat ënnerschiddleche Schwéierpunkte fir deng Kraaft an Ausdauer ze trainéieren.

Booty Training

Den Numm ass Programm. D´Übungen trainéiere gezielt Däin "Hënneschten".

HIT

High Intensity Training - Dës Course si méi intensiv. Hei ännere mir ganz gär de Modus an de Rhythmus vum Training fir Dech méi ze fuerderen.

Hustle & Flow

En Training vun de Géigesätz. Bewosst, kloer a präzis Sequenzen am Wiessel mat richteg intensivem Training. Genéiss de Flow an "hustle" Dech duerch den haarden Deel vun dësem Training.

Tool Training

An dëse Course gëtt een Trainingstool méi intensiv benotzt. Dat kann de Medizinball, den TRX, eng Kettlebell, Minibands, Slides, etc. sinn.

TRX Training

Am TRX Training entwéckels du deng Kraaft, Balance, Ausdauer a Core Stabilitéit. D´Übunge sinn individuell ugepasst, ofwiesslungsräich an effektiv. Den TRX ass dee komplettsten a populäersten Training-Tool fir AFORM ze kommen. Make your body your machine.